Accéder au contenu principal

Revue de Presse

Léon Gloden: Privatmiliz op der Gare "kënnt net an d'Tut"

Verschidde Bewunner vum Garer Quartier dreeë mat enger Biergermiliz, déi sech ëm d’Sécherheetsgefill am Quartier këmmere soll. Et wier e leschten Opruff un d’Regierung an d’Stater Gemeng, d’Situatioun an de Grëff ze kréien. Wéi reagéieren dann déi eenzel Acteuren? 

publié le: 14 Janvier 2025
@ 100komma7.lu

"Ee Schlag an d'Gesiicht" an "de Geck mat de Leit gemaach"

Policegewerkschaft reagéiert op Aussoe vu Procureur général

Datt et u Leit feele géing, wier zwar scho länger gewosst, mä et hätt dann awer nach een aneren Impakt, wann esou Aussoen an der Ëffentlechkeet gemaach géinge ginn, esou d'SNPGL-Presidentin Marlène Negrini. 

publié le: 10 Janvier 2025
@ rtl.lu

Policegewerkschaft reagéiert op Aussoe vu Procureur général

Der Vertriederin vun der Policegewerkschaft Marlène Negrini no géifen, wann d'Dot net poursuivéiert gëtt, d'Ressourcë bei der Police verschleidert ginn.

Update: 10.01.2025

publié le: 10 Janvier 2025
@ rtl.lu

Inneminister presentéiert provisoresch Police-Zuelen: De Begrëff «Sécherheetsgefill» bleift flou

Den CSV Inneminister Léon Gloden war gëschter op Wonsch vun déi Gréng an d’Chamberkommissioun geruff ginn, fir iwwert de Sujet vun der Sécherheet an dem Sécherheetsgefill ze schwätzen. 

publié le: 9 Janvier 2025
@ rtl.lu

De Begrëff "Sécherheetsgefill" bleift flou

"De Minister huet ëmmer gesot, d’Sécherheet an d’Sécherheetsgefill hätte sech verbessert", seet de Meris Sehovic vun déi Gréng. Fir dat ze weisen, huet d’Sensibilitéit hien e Mëttwoch an d’Kommissioun fir bannenzeg Sécherheet geruff.

publié le: 9 Janvier 2025
@ rtl.lu

"Mir brauche méi Police an der Stad, mä de Suivi klappt net"

"Mir brauche méi Police", seet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Si war en Dënschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Si wier och ganz frou iwwer déi lokal Police, déi zanter sechs Méint funktionéiert. Dat si Beamten, déi um Terrain ënnerwee sinn. Dat hätt alles Verbesserunge bruecht, mä géif net duergoen.

publié le: 7 Janvier 2025
@ rtl.lu

„Ich fühle mich in London sicherer als in Luxemburg“

Seit fast einem halben Jahr patrouilliert die Police locale in der Hauptstadt und in Esch. Die Bilanz der Verantwortlichen aus den Gemeinden, dem Innenministerium und der Polizei fällt positiv aus. Doch was denken die Menschen in der Hauptstadt über die neue Polizeieinheit? Und hat sich ihr Sicherheitsgefühl in den vergangenen Monaten verbessert? Das „Luxemburger Wort“ hat bei Passanten in der Oberstadt nachgefragt.

publié le: 11 Décembre 2024
@ wort.lu

Mann schléit géint Déngschtween vun der Police

Wéi et am Policebulletin heescht, war de Mann staark alkoholiséiert an huet widder d'Déngschtween vun de Beamte geschloen. Well hie sech och hinne géigeniwwer aggressiv verhalen huet, huet hie mussen immobiliséiert ginn a koum an d'Ausniichterungszell.

publié le: 6 Décembre 2024
@ rtl.lu

BAND Bilan Lokal-Police

Wien dacks an der Stad oder zu Esch ënnerwee ass, deem dierfte se scho Mol opgefall sinn: Policebeamte mat engem Badge um Aarm, op deem "POLICE LOCALE" steet. Sechs Méint, nodeems dës Unitéit an d'Liewe geruff gouf, hunn den Inneministère, d'Police an déi zwou Gemengen e Mëttwoch/gëschter een éischten Tëschebilan gezunn. Dee fält nawell ganz positiv aus an esouguer vun der Oppositioun kënnt net wierklech Kritik, Marc Hoscheid.

publié le: 5 Décembre 2024
@ rtl.lu

Projet Lokalpolice soll weider ausgebaut ginn

Positive Bilan no 6 Méint

Sechs Méint, nodeems dës Unitéit an d'Liewe geruff gouf, hunn den Inneministère, d'Police an déi zwou Gemengen e Mëttwoch een éischten Tëschebilan gezunn. Dee fält nawell ganz positiv aus an esouguer vun der Oppositioun kënnt net wierklech Kritik.

publié le: 4 Décembre 2024
@ rtl.lu

SPFP: Net géint en obligatoresche Militärdéngscht, mä...

Déi gewerkschaftlech Fräiheeten, den Transport vu Prisonéier an en eventuellen obligatoresche Militärdéngscht...
Ënnert anerem déi dräi Sujeten stounge gëschter am Mëttelpunkt vun de Rieden op der Generalversammlung vum "Syndicat professionnel de la force publique".
D'Diskussioun iwwert den obligatoresche Militärdéngscht hat de Generol Steve Thull e Méindeg hei op der Antenne relancéiert.
Hien hat gesot, dat géif d'Land sécher méi resilient maachen, mä et wier eng politesch Decisioun.
Géint eng Wehrflicht ass ee bei der Gewerkschaft net, Dany Rasqué

publié le: 1 Décembre 2024
@ rtl.lu

Prisonéier-Transport an obligatoresche Militärdéngscht waren Thema

Generalversammlung vun der Police- an Arméisgewerkschaft

Déi gewerkschaftlech Fräiheeten, den Transport vu Prisonéier an en eventuellen obligatoresche Militärdéngscht stoungen am Mëttelpunkt.

publié le: 1 Décembre 2024
@ rtl.lu

Ex-President vum SNPGL wiert sech um Verwaltungsgeriicht géint Avertissement

De Pascal Ricquier, Ex-President vun der Gewerkschaft vun der Force publique, wiert sech um Verwaltungsgeriicht géint en Avertissement, deen hien 2022 ausgesprach krut. Am Avertissement vun der Procureure générale huet de Pascal Ricquier e Versuch gesinn, fir him als Gewerkschaftspresident e Maulkuerf unzedoen.

publié le: 28 Novembre 2024
@ 100komma7.lu

Giischtercher net prinzipiell dogéint, Gefaangenentransport ze iwwerhuelen

D‘Giischtercher kéinten déi Aufgab vum Gefaangenentransport iwwerhuelen, wann d‘Konditiounen dofir do wieren. Dat erkläert hire President Samir Djennas als Reaktioun op eng entspriechend Fuerderung vun der Policegewerkschaft am 100,7 Interview.

publié le: 26 Novembre 2024
@ 100komma7.lu

SNPGL kritiséiert parlamentaresch Äntwert vu Ministere Gloden a Margue

D'Policegewerkschaft ass absolut net d'accord mat den Aussoe vun de Justiz- an Inneministeren op eng parlamentaresch Fro iwwert de Prisonéier-Transport. 

publié le: 20 Novembre 2024
@ rtl.lu