Accéder au contenu principal

SNPGL SERVICES - Comfort Energy

Comfort Energy

De Comité vum SPFP ass frou Iech eis Partnerschaft mat „Comfort Energy SA“ ze annoncéieren, vun där Dir ab dem 01/09/2024 profitéieren kënnt.

  • Comfort Energy SA“ stellt all Member vum SPFP (SNPGL/SPAL) een oder méi (max. 3) Clientscode(n) zur Verfügung. Des Offer gëllt exklusiv hei zu Lëtzebuerg.  
  • „Comfort Energy SA“ bestätegt all Member vum SPFP eng Remise op
    de Premium Heizungsmazout Energy +  vun 3,5 Cent pro Liter (35€/1000 Liter) souwéi vun 2 Cent pro Liter (20€/1000 Liter) op den standard/normalen Heizungsmazout (TVA abegraff) op den offiziellen Präis.
  • Mindestquantitéit pro Bestellung: 1000 Liter.
  • Déi 1scht Liwwerung muss direkt beim Chauffer cash oder per Kaart bezuelt ginn (oppassen op Är Kaartelimit).
  • D‘Bezuele vum Mazout kann duerno iwwert Rechnung oder duerch en „ordre de domiciliation“ vun enger Bank gemaach ginn, déi vun all Member selwer bezeechent gëtt.
  • Wann den „ordre de domiciliation“ net ausgefouert ka ginn oder d’Rechnung net am Délai bezuelt gett, behält „Comfort Energy SA“ sech d'Recht vir, fir de Clientscode direkt ze blockéieren.
  • All Ännerung betreffend ee vun de Benotzer muss direkt dem SPFP (SNPGL/SPAL) gemellt ginn. Wann e Member den SPFP (SNPGL/SPAL) verléisst, gëtt de Clientscode resp. Coden direkt blockéiert.
  • Bei all Mëssbrauch vum Clientscode duerch Drëttpersounen gëtt dësen direkt gespaart.

Contact

Wat muss Dir maachen fir een oder méi (max. 3) Clientcoden ze kréien?

Ganz einfach: maacht eis en Email op energy-plus@snpgl.lu mat Ären Donnéeën oder rufft eis am Sekretariat 244 404 278 un fir eis Ären Interessi matzedeelen. Mir schécken/mailen Iech dann de Formular zou, deen Dir eis komplett & ënnerschriwwen zeréckschéckt (1 Formular = 1 Code). Mir leeden dann alles un „Comfort Energy SA“ weider a kuerz drop (ab dem 01/09/2024) kennt Dir dann vun dësem Virdeel profitéieren an Är éischt Bestellung maachen.