Accéder au contenu principal

Récupération de rémunération indûment touchées

Léif Memberen,

 

Nodeems e puer vun iech an de leschten Deeg e Bréif vum CGPO kruten, betreffend d'Zeréckbezuele vun Rémunératiounen fir Persounen mat engem poste à responsabilité particulière, déi vun der Carrière C1 an de groupement de traitement B1 gewiesselt an doduerch e supplément personnel de traitement kritt hunn, wëlle mir Iech iwwer Folgendes informéieren:

 

De CGPO huet d'Betraffenen opgefuerdert, d’zevill bezuelt Zomme fir d'Period vum 1. Juli 2023 bis den 31. Mäerz 2025 zeréckzebezuelen. Et geet hei ëm substantiell Beträg.

Mir recommandéieren all Concernéierten, perséinlech Gehéier unzefroen, op Basis vum Artikel 9 vum Règlement grand-ducal vum 8. Juni 1979, relatif à la procédure à suivre par les administrations relevant de l’Etat et des communes.

 

 

 

Mat gewerkschaftleche Gréiss.

 

  • 14 Mars 2025

Documents