
NL Update zu verschidden Dossieren
Gudde Mëtteg léiw Memberen vum SNPGL,
De Comité freet sech, iech an dëser Newsletter op den neiste Stand ze setzen, wat verschidden
Dossieren ubelaangt, déi am Moment eise Corps betreffen.
Dossier A2 am Cadre policier:
Et gouf zu deem Sujet e Groupe de travail, an deem ënnert anerem och den SNPGL vertruede war. Hei ass et zu engem Konsens komm, datt ënnert den aktuelle Konditiounen, d’Karriär A2 fir keen interessant ass, an a kengem favorabele Verhältnis zu de Contrainten, déi se mat sech bréngt, steet. Dowéinst ass d’Aféierung vun enger A2 Poliziste Karriär bis op Weideres op Äis geluecht.
Assemblée générale extraordinaire:
An der AGE e Méinden, den 02.06.2025, ass et drëms gaang, déi nei Statuten vun de Memberen
approuvéieren ze loossen. D’Memberen hunn iwwer Breifwahl zu 95% fir déi nei Statuten ofgestëmmt. Laut den ale Statuten ass no der Breifwahl nach eng AGE virgesinn, an där d’Memberen déi nei Statuten unhuelen. 100% vun den präsente Memberen hunn déi Statuten den 02.06.2025 approuvéiert.
Primmen an der Police:
Den SNPGL hat de 04.06.2025 eng Entrevue um MAI fir d’Primmen an der Police ze iwwerschaffen. De Ministère ass gewëllt eng Harmonisatioun tëschent B1 an C1 unzestriewen. Mir als SNPGL sinn der Meenung, datt een d’Primme generell an der Police eng Kéier misst iwwerschaffen, well mir déi eng oder aner Diskrepanz do gesinn. Dowéinst huet den SNPGL d’Geleegenheet genotzt fir d’Thematik Primmen unzegoen an hat e Schrëftstéck fir den MAI dozou opgestallt. De 04.06.2025 haten mir Rdv fir eis Virstellungen ze präsentéieren, begleet mat den néidegen Erklärungen. Soubal et méi Konkretes dozou gëtt, deele mir iech dat an enger nächster Newsletter mat.
B1 Reclassement/Voie Expresse/PL 8452:
Stand vum Dossier
Den 21.10.2024 ass de Projet de Loi No. 8452 deposeiert ginn an de Staatsrot huet een éischten Avis de 25.02.2025 dozou ofginn. Den 28.03.2025 ass den amendéierten Text publizéiert ginn, deen nach eng Kéier den 03.06.2025 duerch de Staatsrot pour Avis gaang ass,. Den 11.06.2025 huet de finaliséierten Text dunn déi zoustänneg Chamberskommissioun passéiert an ass elo prett fir an den éischte Vote an der Chamber. Eisen Här Minister Leon Gloden ass zouversiichtlech, datt de PL nach virun der Summervakanz an der Chamber kéint gestëmmt ginn. Bei positivem Ausgang vum Vote, muss nach d’Exemptioun vum 2. Vote ungestriewt ginn, befier d’Gesetz an Kraaft trieden kann, an déi betraffe Beamten dann dovu kënne profitéieren.
Reclassement
Well et eng relativ komplex Matière ass, géife mir als SNPGL déi wichtegst Eckdaten vum Projet eng Kéier uschneiden. De PL gesäit vir, all Beamten, dee virum 01.08.2018 am C1 vereedegt ginn ass an en Diplom oder eng Äquivalenz hat, op den Datum vum 01.08.2018 an de B1 ze reklasséieren, op eng Position déi segem genauen Dëngschtalter entsprëcht, minus een Echelon. De Recalcul gëtt och op den 01.08.2018 gemaach.
All Beamten, dee virum 01.08.2018 am C1 vereedegt ginn ass, a beim Antrieden an d‘Police net
Detenteur vun engem Diplom oder Äquivalenz war, deen awer en cours de route nogeholl huet, huet och d’Méiglechkeet sech reklasseieren ze loossen. Hei gëtt awer den Datum vum Diplom gekuckt, ab deem de B1 leeft an och fir de Recalcul ze berechnen.
Fir déi Beamten déi schon e Promotiounsexamen geschriwwen a gepackt hunn, gëtt et eng Dispense am B1.
Soubal d’Gesetz a Kraaft trëtt, leeft en Delai vun 3 Méint fir sech fir d’Reclassement ze mellen. Wéi a wou ee sech mellt ass nach net genau défineiert. Et besteet och eng Derogatioun zu deenen 3 Méint fir déi Beamten, déi sech dëst Joeran de Promotiounsexame gemellt hunn. Hei leeft den Delai ab dem Resultat vum Promotiounsexamen. Och hei zielt d’Dispens dono am B1.
3. Voie Expresse
D’Voie expresse, C1B1 an C2C1 leeft ab dem Akraafttriede vum Reklassements-Gesetz rëm un. Jiddereen, dee bei der neier Ausschreiwung fir d’Voie expresse seng 15, respectiv 12 Joer Dëngscht erof huet, ass eligibel fir de Mémoire ze schreiwen. Déi Beamten, déi sech gemellt haten fir d‘Voie Expresse C1B1 déi am Oktober 2022 ausgeschriwen gouf, gi retroactiv op den 01.12.2023, respectiv den 01.05.2024 am Fall vun engem Noexamen, an de B1 nominéiert.
Firwat 15, respectiv 12 Joer Dëngscht? Den neien Art. 94 vum Policegesetz féiert eng 2 Triichter Léisung an, 15 Joer Dëngscht fir Beamten ouni Ofschloss, an 12 Joer Dëngscht fir Beamte mat Ofschloss, als 1. Conditioun, an als 2. am Niveau supérieur sinn. Den Effectif vun 20%, déi sech melle kënnen zielt dann och pro Triichter a gëtt ne top déi 2 Triichteren opgedeelt. Och hei gëlt d’Konditioun, datt den Ofschloss virum 01.08.2018 gemaach ginn ass.
4. Gestoppten Avancementer
D’Avancemeter fir déi Beamten, déi d’Voie expresse gemaach haten, lafe retroactiv op den 01.01.2024. Dëst ass dann natiirlech mat engem Recalcul verbonnen, fir déi duerch d’Stoppe vun den Avancementer verpasste Remunératiounen ze entschiedegen. Dat zielt och fir Léit, déi entretemps an d’Pensioun gaang sinn.
5. Additionell Infoen zum Changement an de B1
Den SNPGL bedauert, datt net all Beamten zu „DSengem“ kënnt.
Déi Beamten, déi nom 01.08.2018 hiren Diplom gemaach hunn, kënnen net vum 12-Joer-Triichter an der Voie expresse profitéieren.
C2 Beamten mat Diplom, déi awer fir den 01.08.2018 nach kee Changement gemaach haten, kënne sech net reklasséiere loossen. Hei ass just 1 vun den 2 Triichterléisunge méiglech. Et ass wichteg ze wëssen, datt een d’Voie expresse just 1 Kéier ka man. Dofir fir téischt den normale Changement an den C1 an dann dVoie expresse an de B1.
Beamten déi en Diplom hunn, an den 01.08.2018 nach net vereedegt waren, mais nach an der
Policeschoul waren, hate wuel kee Choix fir sech direkt an de B1 ze mellen, kënne sech awer och net reklasséiere loossen, well d’Gesetz virgesäit, datt een op den 01.08.2018 vereedegten C1 Beamte muss sinn. Dat selwecht gëllt fir d’Voie expresse, déi ass och exclusiv fir Beamten déi virum 01.08.2018 scho vereedegt waren. Fir déi Beamten ginn et just d’Méiglechkeete vum Out-In, respektiv iwwert den normale Changement an den B1 ze kommen.
De 26. Juni 2025 ass de PL an der Chamber fir gestëmmt ze gin.