Skip to main content

Partnerschaft mat „Comfort Energy SA“

➢ „Comfort Energy SA“ stellt all Member vum SPFP (SNPGL/SPAL) een oder méi (max. 3) Clientscode(n) zur Verfügung. Des Offer gëllt exklusiv hei zu Lëtzebuerg.  

➢ „Comfort Energy SA“ bestätegt all Member vum SPFP eng Remise op den Heizungsmazout

      ENERGY+  vun 3,5 Cent pro Liter (35€/1000 Liter) (TVA abegraff) op den offiziellen Präis.

Mindestquantitéit pro Bestellung: 1000 Liter.

➢ Déi 1scht Liwwerung muss direkt beim Chauffer cash oder per Kaart bezuelt ginn (oppassen op Är Kaartelimit).

➢ D‘Bezuele vum Mazout kann duerno iwwert Rechnung oder duerch en „ordre de domiciliation“ vun enger Bank gemaach ginn, déi vun all Member selwer bezeechent gëtt.

➢ Wann den „ordre de domiciliation“ net ausgefouert ka ginn oder d’Rechnung net am Délai bezuelt gett, behält „Comfort Energy SA“ sech d'Recht vir, fir de Clientscode direkt ze blockéieren.

➢ All Ännerung betreffend ee vun de Benotzer muss direkt dem SPFP (SNPGL/SPAL) gemellt ginn. Wann e Member den SPFP (SNPGL/SPAL) verléisst, gëtt de Clientscode resp. Coden direkt blockéiert.

➢ Bei all Mëssbrauch vum Clientscode duerch Drëttpersounen gëtt dësen direkt gespaart.

Wat muss Dir maachen fir een oder méi (max. 3) Clientcoden ze kréien?

Ganz einfach: maacht eis en Email op Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser. mat Ären Donnéeën oder rufft eis am Sekretariat ( 244 404 278 un fir eis Ären Interessi matzedeelen. Mir schécken/mailen Iech dann de Formular zou, deen Dir eis komplett & ënnerschriwwen zeréckschéckt (1 Formular = 1 Code). Mir leeden dann alles un „Comfort Energy SA“ weider a kuerz drop (ab dem 01/09/2024) kennt Dir dann vun dësem Virdeel profitéieren an Är éischt Bestellung maachen.