Accéder au contenu principal

Sozialwalen an der Fonction publique

Léif Kolleeginnen a Kolleegen,

Wéi Dir warscheinlech wësst, fannen zwëschent dem 6. an dem 25. Mäerz 2025 Sozialwalen an der Fonction publique statt.

All Staatsbeamten oder Employé, am aktiven Déngscht oder pensionéiert, kritt dofir dëser Deeg eng Enveloppe heemgeschéckt, mat allen Dokumenter fir un der Wal deelhuelen ze kënnen.

Jee no Gehaltsgrupp, kënnt Dir d'Kandidaten aus deene verschiddene Gruppen, Groupe 3 fir de B1, a Groupe 4 fir den C1 an den C2, wielen.

Leider schéngt et, wéi wann eng ganz Rëtsch vun eise Leit an dem falsche Grupp an de Wielerlëschten agedroen sinn. Des Wielerlëschte gi vum Ministère de la Fonction publique am Virfeld vun de Walen opgestallt. Betraff dovun si souwuel d‘Wieler, wéi och Kandidaten, wourënner och eise Vize-President Marco RICHARD, dee lo am Groupe 4 kandidéiert, obschonn hien als fréieren B1 am Groupe 3 aklasséiert si misst.

De Minister vun der Fonction publique ass am Virfeld vun de Walen op d'Problemer informéiert ginn, mee deen huet leider decidéiert näischt méi un de Lëschten ze änneren.

Et ass duerchaus warscheinlech, dass déi Feeler op de Wielerlëschten den Ausgang vun de Wale verfälschen.

Et ass eis onverständlech, dass de Minister vun der Fonction publique, deen zoustänneg fir des Sozialwalen ass, a Kenntnis vun de Feeler op de Wielerlëschten, souzesoen "de Kapp an de Sand stécht". Den SNPGL wëll sech ee Bild maache kënnen, wéivill vun eise Memberen an deene Wielerlëschten effektiv falsch agedroen sinn.

Mir géifen Iech dofir bieden, eis just eng Foto, oder ee Scan vun der viischter Säit vun der Enveloppe op Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser. ze mailen, mat där Iech d'Walziedelen asw. zougeschéckt gi sin. Dorop gesi mir Ären Numm an, uewe riets, de Groupe an dem Dir opgefuerdert sidd ze wielen. Ëm de Rescht këmmere mir eis.

Och wann Dir am falsche Grupp agedroen wiert, invitéiere mir Iech un der Wal deelzehuelen, an Är Walziedele virum 26. Mäerz 2025 auszefëllen a mat de bäileienden Enveloppen anzeschécken.

Mir soen Iech lo scho Merci fir Är Mataarbecht.

Bescht Gréiss,

De Conseil d'administration vum SNPGL

  • 12 Mars 2025

Liens externes