Léif Memberen,
Eise Sondage iwwert de Fonctionnement vun der IGP ass den 11. November 2024 ofgeschloss ginn. Mir als Personalvertriedung soen Iech villmools Merci fir Är gutt Mataarbecht a si frou dass sou vill Membere matgemaach hunn.
Wichteg Info:
Léif Memberen, denkt wgl. all drun, datt um Enn vum Joer 2024 d‘Cotisatiounen agezu ginn. Et si leider verschidde Memberen, déi keng Domiciliatioun bis dato gemaach hnun, Mir géingen eis fir eisen Tresorier freeën, wann Dir him d’Liewen kéint vereinfachen, a sou léif wiert eng Domiciliatioun eranzeschécken. Merci dofir.
Iwwert folgende Link fannt Dir de Formular (Mandat SEPA):
https://snpgl.lu/devenir-membre
Äre Comité