Léif Memberen,
Nom Avis vum Staatsrot vum 25. Februar huet den SNPGL follgenden Email un den MAI verfaasst:
Gudde Mëtteg ... ,
mir hate schonn deen een oder aneren Echange am Zesummenhang mat dem Arrêt 174 vun der Cour constitutionnelle, op Basis vun dem den Här Minister decidéiert huet all d‘Avancementer no der Voie expresse ze stoppen.
Nom rezenten Avis (Kopie an der Attache) vum Staatsrot zum Projet de loi iwwer de Reklassement an der Police gëtt et do méiglecherweis en neie Moment.
Effektiv freet déi héich Kierperschaft sech an de Remarquen zum Artikel 5:
"Le Conseil d’État s’interroge encore sur les raisons pour lesquelles la procédure et les avancements ont été tenus en suspens pour l’ensemble des agents qui se sont soumis à la procédure de l’article 94 précité."
Den SNPGL vertrëtt bekanntlech d'Meenung, dass de genannten Arrêt vun der Cour constitutionnelle net d'Avancementer no der Voie expresse, mee nëmmen den Accès zu derselwechter viséiert.
Kéint Dir eis w.e.g. matdeelen, op den Här Minister op Basis vun dem Avis lo eng Ouverture gesäit, fir déi gestoppten Avancementer erëm ulafen ze loossen, an déi betraffe Leit réckwierkend avancéieren ze loossen?
Ech soe lo scho Merci fir Är wäertvoll Ënnerstëtzung a wënschen en agreabele Weekend.
Mat beschte Gréiss,
Mir halen Iech iwwer de Suivi an dësem Dossier um Lafenden.
Äre Comité