Skip to main content

E puer Informatiounen no der Pressekonferenz vum 14. Juni 2024 iwwert de Reklassement an de B1

- All virum 1. August 2018 vereedegt C1 Beamt*innen , déi virum 1. August 2018 eng Fin d’études secondaires oder en equivalenten Ofschloss haten, gi reklasséiert. Zum Bedauere vum SNPGL refuséiert de Gouvernement C2 Beamt*innen, an och net vereedegt Beamt*innen, déi op den Datum vum 1. August 2018 nach an der Schoul woren oder d’Schoul réicht ugefaang hunn, vum Reklassement profitéieren ze loossen, well sech strikt un d’Arrêten vun der Cour constitutionnelle an der Cour administrative gehale gëtt.

- Déi, déi eng Voie expresse oder en Out-In gemaach hunn, kréien d’Wiel, ob si wëlle bleiwen, wou si sinn, oder reklasséiert wëlle ginn.

- Iwwert de Summer kritt den SNPGL een Avant-projet de loi zum Reklassement, wou dann och dra festgehal gëtt, datt d’Voie expresse weider geet, an och déi gestoppten Avancementer weider lafen. Et gouf eis vu Säite vum Ministère versëchert, datt Nodeeler, déi eventuell fir d’Leit entstinn, duerch eng Mesure transitoire solle rëckwierkend korrigéiert ginn.

  • 17 Juin 2024