Accéder au contenu principal

Update Reklassement

An der Lescht si vill Nofroe komm, well Dir eng gewëssen Onsëcherheet hutt, ob är Demande fir reclasséiert ze ginn, ukomm ass, an ob se komplett ass. 


Den MAI huet eis matgedeelt, datt et am einfachsten ass, wa jidderee sech eenzel en Accusé de réception freet. Maacht dat einfach direkt mat ärer Demande, respektiv fir déi, wou d‘Demande scho gemaach hunn, déi kënnen dat elo nach nodréiglech froen, un déi selweecht Mailadresse. Frot Iech en Accusé de réception, ob ären Dossier komplett a korrekt ass, an ob en un d’CGPO weidergaangen ass. 
Mir kënne verstoen, datt nom leschte Webinar nach verschidden Onkloerheete bestinn. Och generell ginn et am Dossier nach déi eng oder aner Detailfroen, déi ze kläre sinn. 


De Comité vum SNPGL ass drun, an mir erhoffen eis an den nächste 14 Deeg novollzéihbar a juristesch standfest Äntwerte vun de jeeweilege Partner. Soubal mir déi hunn, wärte mir iech déi kommunizéieren. 


Äre Comité