Accéder au contenu principal

Reklassement - Voie expresse - Avancementer

Als éischt wollte mir no dësen opwännege Gespréicher, laangen Entrevuen, an haarde Verhandlungen, e puer Mercie lass ginn. Ugefaange mat eise Memberen, déi gedëlleg op d’Resultater an deene verschiddenen Dossiere gewaart hunn. Är Ausdauer a Wäitsiicht huet eis déi noutwendeg Zäit verschaaft, fir déi bescht méiglech Konditiounen an de verschiddenen Dossiere fir iech erauszehuelen. 

E weidere Merci geet un d’Policedirektioun an den Inneministère, déi bis elo zu all Moment disponibel waren. 

Mir soe och der ADESP villmools Merci fir d’Zesummenaarbecht um Reklassementsdossier.

 

 

 

1.      Reklassement

 

No laangem Hin an Hir, leien elo déi definitiv Reegele fest, no deenen  d’Police-Fonctionairen aus der Carrière C1, déi virum 01.08.2018 e Secondaire Ofschloss haten, an de Groupe de Traitement B1 reklasséiert ginn.  

Ofgesi vun den onëmstriddene Punkte betreffend de Verlaf vun dësem Reklassement, huet den SNPGL sech dofir agesat, dass souwuel déi prestéiert Iwwerstonnen, wéi déi net ugefroten Astreintestonnen, am Recalcul berücksichtegt ginn. 

D’Iwwerstonne sinn direkt ofhängeg vum Basisgehalt, an well dësen am B1 ëm 35% bis 50% mei héich ass, wéi am C1,  wäert d’Police dës Indemnitéit vun 2018 bis Enn 2023 norechnen. Dëst ass mat Zäitopwand verbonnen a wäert net am 1.Recalcul mat abegraff sinn. Ab dem 01.01.2024 sinn d’Iwwerstonnen net méi vun der Police direkt ausbezuelt ginn. Ab deem Datum huet d’CGPO dës Tâche iwwerholl an deementspriechend wäerten d’Iwwerstonne vun 2024 an 2025 direkt am éischte Recalcul adaptéiert ginn.  

Bei der Astreinte ass et allerdéngs e bëssen anescht. An der B1 Carrière ass “prime d’astreinte” 10 Punkte méi niddereg wéi am C1. Dëst bréngt mat sech, dass d‘Astreintestonne schon no 20 Stonne pro Mount am B1 a réischt no 36,7 Stonnen am C1 ausbezuelt ginn. An dësem Zesummenhang goufe fir vill Beamten, déi C1 waren, keng Astreintestonnen tëscht 2018 an 2024 bei der CGPO eragereecht, well de Seuil vu 440 Stonnen net erreecht gouf. Mat groussem personellen Opwand wäert DRH vun der Police dës Stonnen nosichen a beim CGPO noreechen. Dëst wäert awer net bis Enn vun dësem Joer méiglech sinn. Wat d’Astreintestonne vun 2024 bis 2025 betrëfft, wäert et manner Opwand ginn, well dës Stonne flächendeckend am SP-Expert agedroe goufen. 

Beim Reklassement op den 1.08.2018 wäerten d’Polizisten déi manner wéi 12 Joer Déngscht hunn an den Paigrad kommen, deen hirer Anciennetéit entsprécht. Leider mussen d’Polizist*innen aus der 9., 12., a 15. Promotiounnet just déi verbleiwend 2 Méint am jeeweilege Grad bleiwen, mee e ganzt d’Joer, ier hinnen de Gradwiessel zousteet.

Polizisten, déi méi wéi 12 Joer Déngscht hunn nom 1.08.2018 an domadder an d‘grades superieurs vun der Carrière wiesselen, musse jeeweils 3 Joer an deem  Grad verbréngen. Dës Situatioun verstéisst am selwegten Mooss géint d’Verfassung, wéi d’Zoustänn, déi zum Reklassementsgesetz gefouert hunn. 

Et wäert kee “reset” vun de Biénnalen op den 1.08.2018 stattfannen. Deementspriechend wäert all Beamte seng Biénnale esou wéi virum Reclassement kréien. 

Zum Punktwäert mat dem de Recalcul vum Reclassement, an all anere Recalcul am Staatsapparat, deen iwwert eng oder méi Indextranchen ewech gerechent gëtt, war et der Fonction publique net bäizebréngen, wéi den Indexmechanismus funktionéiert. Aus deem Grond wäert den CGPO de Punktwäert vum Zäitpunkt vun der Prestatioun an net de Punktwäert vum Zäitpunkt vum Paiement fir d’Errechnen vum Recalcul benotzen. Méi zu dëser Problematik an enger spéiderer Newsletter. 

Ugespéngelt un dës Newsletter si 7 Simulatiounen, déi d’CGPO eis zur Verfügung gestallt huet fir, datt d’Polizist*innen, déi solle reklasséiert ginn, sech orientéiere kennen.  

Et bleiwt dann, zu eisem Bedaueren, dobäi, dass déi Beamten, déi 2018 an 2019 nach an der Schoul waren, net reclasseiert ginn. Mir haaten e puer Mol ugesat, fir déi Beamten mat an d’Reclassementsboot ze kréien, leider ouni Erfolleg, mat der Begrënnung, dass se am Urteel net betraff wieren.  

En weidere Punkt, dee mir bedaueren, ass, dass déi Beamten, déi den Out-In gemaach hunn an doduerch Anciennetéit op hir Promotiounskolleege verluer hunn, kee Rappel à l’Ancienneté wäerte kréien. Dat heescht, un der Anciennetéit get näicht geännert. 

 

 

2.      Voie Expresse

 

D’Kommissioun fir déi Voie Express vun 2022 nozehuelen, wäert sech Ufank November 2025 déi éischt Kéier versammelen. All Polizist, deen 2022 eligibel war AN sech och gemellt hat, AN net reklasséiert gouf, wäert zäitno iwwert Email kontaktéiert ginn. Des Weidere wäert dës Voie Expresse bannent 12 Méint ofgeschloss sinn, sou dass am November 2026 déi nächst Ramm dru kënnt. Jee no deem, wéi vill Leit zu deem Moment an der Carrière C iwwereg sinn, gëtt de Rhythmus vun der Voie Express ugepasst, fir jiddereen, deen eligibel ass, sou séier wei méiglech duerch ze kréien.

 

  

3.      Gestoppten Avancementer säit 2023

 

Zënter Mëtt August leien all d’Avancementer bei der CGPO. Dëse Service huet wéinst Personalmangel a schlechter Féierung Méint Retard, wat eis schonn am Dossier vun der Harmonisatioun leschte Mount opgefall war. Trotzdeem huet d’Cheffe de Cabinet vun der Fonction publique d’Zouso ginn, datt souwuel d’Reclassement, ewéi déi gestoppten Avancementer, nach dëst Joer ausbezuelt géinge ginn. 

Mer géifen och all eis Memberen, déi d’Konditioune vum Reklassement erfëllen an sech wëlle reklasséiere loossen, drun erënneren, dass den Delai fir sech ze mellen, den 01.11.2025 ausleeft.