Skip to main content

Rechnung ARAL-Kaart vum Mäerz 2024

Léif Memberen,

 

Duerch technesch Problemer bei der Lëtzebuerger Post konnten d’Rechnungen vum Mount Mäerz 2024 leider net un d’Memberen per Mail zougestallt ginn déi eng pt.lu-Mailadress uginn hunn.

 

ARAL hofft dass d’Post de Problem fir déi kommend Méint geléist kritt an d’Mailen, déi vun bp.com verschéckt ginn, net rëm vun der Post-Firewall bloquéiert ginn.

 

Leider ass et ARAL net méiglech, sämtlech Rechnungen nach mol ze verschécken, duerfir bieden mir déi Memberen, déi hir Rechnung net automatesch kritt an déi wëllen hunn, eng Mail un Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser. ze schécken, an där Dir Ären Numm a Clientsnummer (obligatoresch) ugitt.

 

Merci fir Äert Versteesdemech.

  • 15 avril 2024